D’Editioun 2026 vum Festival On Stéitsch huet am Schluechthaus zu Hollerech stattfonnt an iwwer de ganzen Dag ronn 1.200 Visiteuren ugezunn. Fir dës 19. Editioun huet de Festival de jonken Talenter nees eng Bün gebueden, fir hir Kreativitéit an all hire Facetten ze weisen.

Op der OPEN AIR STAGE hunn 38 Gruppen a Kënschtler fir en ofwiesslungsräiche Programm gesuergt – vu Rap, Jazz, Afro a Pop iwwer Danz bis hin zu Football Freestyle. Op der BAND STAGE hunn 8 Gruppen hire musikaleschen Universum presentéiert, vu Rock iwwer Indie bis Funk. D’DJ-Bün huet sech an eng „Silent Disco“ verwandelt, wou véier DJen mat Sets vun Techno iwwer Drum and Bass bis Hardstyle fir déi passend Stëmmung gesuergt hunn.

Mee et gouf net nëmme Musek! D’Visiteure konnten och d’Wierker vun 8 jonke Kënschtler an enger Ausstellung entdecken an un den Aktivitéiten op 19 interaktive Stänn deelhuelen: Danz, Molerei, Graffiti a villes méi.

En Dag ganz am Zeeche vu der Kreativitéit, dem Entdeckung an dem Austausch, deen duerch den Engagement vu ville jonke Kënschtler, eise Partner an natierlech dem Publik, deen si mat Begeeschterung ënnerstëtzt huet, erméiglecht ginn ass.

E grousse Merci un Iech alleguer fir Är Participatioun, mir gesinn eis bei der nächster Editioun vum On Stéitsch!

OPEN AIR STAGE

DANCE

Grooveline

Music

Samuel

Soccer

Joshua Freestyle

Music

Flow-L09

Dance

The Dancing Lions

Dance

Nelly

Music

Menalee

Music

Jascura

Dance

Generation Divas

Music

Lena Rocca

Dance

8MILES

Music

Blakezero

Dance

Art in motion

Music

Emi Dova

Dance

YEP CREW

Music

S.I.E

Dance

Joshua Alexander D’1 Champion

Dance

TM Dance

Dance

OG's

Music

SportBoy Tun x Mitžu

Dance

OPEN FLOOR

Music

Ay-Zo x Fredo

Dance

Tropical Dancing

Dance

Outlaws

Music

JAĒ

Music

Host

Music

fallenmoon

Music

OPEN MIC

Music

Saruch

Music

Dalianaofficial

Music

Jon7

Music

Romane & Alice

Music

Eddy Reddy & SoDef

Music

Shani Baby

BAND STAGE

Pilot Light

The'quilas

NEWO & Tears on Her Rings

Confusion

The Environment

March To The Tomb

DJ CORNER - Silent Disco

EXPO

Artist

Samantha Hellenbrand

Artist

Ximena/Yuchei Simon

Artist

Savannah Schaack

Artist

Damir & Amin Licina

Artist

D' Arconso Lorenzo

Artist

Léa Bréckler

Artist

Dakota Braun

STANDS

ATERLIERS BY SNJ

L’Atelier du SNJ, qui se trouve à quatre endroits du pays, est un espace ouvert, créatif et bienveillant où chaque jeune peut tester des idées, découvrir l’upcycling, apprendre différentes techniques pour travailler avec divers matériaux, travailler à son rythme et préparer la suite de son parcours avec l’accompagnement d’une équipe socio-éducative et de professionnels. Il constitue avant tout un lieu accessible où les jeunes peuvent reprendre confiance, vivre des moments agréables dans un cadre convivial, développer leurs talents et construire de nouvelles perspectives pour l’avenir.

Pour plus d’informations:

GRAFFITI ASBL

Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA ass e Radiosprogramm, dee vu Méindes bis Freides tëscht 14 a 17 Auer op de Frequenzen 105.2, 102.9 a 87.8 leeft. Hei ka jiddereen tëscht 12 a 26 Joer hannert dem Mikro stoen a seng eege Podcast oder Radiosendung produzéieren. Musek, Interviews, Geschichten a Gespréicher – hei fënnt Plaz, wourop di Jonker Loscht hunn. Bei Graffiti gëtt hir Stëmm gehéiert.

HARIKO

Hariko est une structure de la Croix-Rouge luxembourgeoise qui vise à offrir aux jeunes de 12 à 26 ans un lieu d’échange, de création et d’expression artistique. À travers des ateliers gratuits encadrés par des artistes professionnels, les jeunes peuvent explorer diverses formes d’art, du dessin à la musique, en passant par la danse et le graffiti.

En plus des ateliers, les jeunes ont la possibilité de profiter du « Creative Space », un espace libre au sein du Hariko qu’ils peuvent utiliser de manière autonome. Du matériel créatif y est mis à leur disposition afin de leur permettre d’expérimenter, de développer leur créativité et de réaliser leurs propres projets personnels.

 

 

INFO MOBIL BY JUGENDINFO

Jugendinfo Lëtzebuerg asbl (fréier ANIJ) ass eng ASBL, déi säit 1987 aktiv ass. Eis Missioun ass et, deene Jonken zu Lëtzebuerg zouverlässeg, neutral, onofhängeg an un hir Liewensrealitéit ugepassten Informatiounen unzebidden.

Op jugendinfo.lu fanne Jonker einfach Informatiounen a Rotschléi zu ville Sujeten, déi si betreffen: Studien, Aarbecht, Wunnen, Mobilitéit, Reesen, Gesondheet, Rechter, Fräizäit, Engagement an Alldag.

Eist Zil? Jonken ze hëllefen, sech z’informéieren, hir eegen Entscheedungen ze treffen a méi selbststänneg ze ginn, andeems mir hinnen Zougang zu qualitativ héichwäerteger Informatioun ginn.

JUGENDHAUS BETZDER

Kommt laanscht op eisem Stand a léiert eis Jugendhaus Betzder kennen! 🎉

Op eisem Stand kritt dir all wichteg Informatiounen iwwert eis Jugendhaus an eis Aktivitéiten. Dir kënnt och eis Nintendo Switch ausprobéieren an e bëssen zesumme spillen! 🎮

A fir eppes Leckeres ze drénken, verkafe mir Bubble Tea! 🧋 De Benefice vum Bubble Tea hëlleft eis, d’Vakanze vun de Jonken ze finanzéieren an hinnen flott Erfarungen ze erméiglechen. ☀️🏖️

Mir freeën eis op iech! Kommt laanscht, informéiert iech a verbréngt eng flott Zäit bei eis! 😊

JUKI ASBL

KJT (KANNERJUGENDTELEFON)

De KJT gëtt et elo bal 35 Joer. D’Zil vum KJT ass, datt Kanner a Jonker net mat hire Suergen, Ängscht, Problemer a Froen eleng bleiwe mussen. Hei kann een anonym a vertraulech mat engem schwätze an zwar iwwert den Telefon, d’Online-Hëllef oder d’Chatberodung. Och Elteren, Grousselteren an aner Persounen déi dem Kand no stinn, kënnen sech mëllen – iwwert den Elterentelefon vum KJT.

Méi Informatioune kritt Dir op der Websäit: www.kjt.lu

LES AUBERGES DE JEUNESSE LUXEMBOURGEOISES ASBL (AJL)

Bass du tëscht 12 an 30 Joer al a wëlls zu Lëtzebuerg a wäit iwwer d’Grenz eraus Geld spueren? Dann ass d‘Carte Jeunes (European Youth Card) genau dat Richtegt fir dech! Si gëtt dir Zougang zu Dausende vu Remisen an de Beräicher Kultur, Sport, Reesen, Formatioun a Shopping. Méiglech gëtt dat duerch d’EYCA-Netzwierk, deem méi wéi aacht Millioune jonk Leit a 40 Länner ugehéieren. D’Kaart gëtt vun de Lëtzebuerger Jugendherberge verwalt, wat keen Zoufall ass, well hir Ziler sech scho laang decken: Si wëlle jonk Leit mobil, aktiv an oppe fir Europa maachen. Fir just 10 Euro kanns du d’Virdeeler ganz einfach iwwer d’App notzen. Wann s du d’Kaart hues, fënns du och déi ideal Iwwernuechtungsméiglechkeet fir deng nächst Rees, däi Schoulausfluch oder däi Weekend mat Frënn an enger vun den néng Lëtzebuerger Jugendherbergen.

Méi Informatioune fënns du op www.cartejeunes.lu respektiv www.youthhostels.lu.

 

 

MAKERSPACE BY SNJ

Activités

Eise Makerspace BASE1 vum Service national de la jeunesse ass e kreativen a multidisziplinären Espace, dee fir jonk Leit vun 8 bis 30 Joer, déi zu Lëtzebuerg wunnen, op ass.

Si kënnen nei Medien an Technologien op eng kreativ Aart a Weis entdecken a benotzen, mat verschiddenen Tools experimentéieren an hir eege Projete realiséieren.

Wärend eisen Ëffnungszäite kënnen déi Jonk einfach laanschtkommen, wéini et hinne passt, ouni sech am Viraus unzemellen.

Et si keng Virkenntnisser néideg. Mir begréissen Ufängerinnen an Ufänger a fërderen de Virwëtz.

PEITRUSSHAUS BY SOLINA

Der Dienst Péitrusshaus begleitet Jugendliche im Alter von 12 bis einschließlich 21 Jahren, die sich in einer psychosozialen Krisensituation befinden.

Der Dienst bietet insbesondere:

  • Eine freiwillige Betreuung, die 24 Stunden am Tag und 7 Tage die Woche zugänglich ist;
  • Die Möglichkeit einer kurzfristigen Unterbringung für Minderjährige im Alter von 12 bis einschließlich 17 Jahren, die sich in einer schwierigen Lebensphase befinden;
  • Eine ambulante psychosoziale Unterstützung auf kurze und mittlere Sicht;
  • Die Vermittlung an spezialisierte Dienste, die den Bedürfnissen der Jugendlichen entsprechen;
  • Eine Akutbetreuung mit oder ohne Terminvereinbarung.

 

 

 

PIPAPO BY 4MOTION ASBL

PIPAPO is all about partying, nightlife and looking out for yourself and others. At our stand, you can get info about alcohol and other drugs, safer sex and consent, grab condoms or earplugs, and simply have a chat with our team. Come by, ask questions, share your experiences and talk with us about what makes a good night out.

SCHËFFLENGER JUGENDHAUS

Mir sinn d’Schëfflenger Jugendhaus,  eng Plaz fir all Jonken tëscht 11 a 27 Joer.

Zanter 2005 si mir am Zentrum vu Schëffleng an eis Ziel ass eigentlech ganz einfach,  de Jonken eng Plaz ze ginn, wou si sech treffen, Spaass hunn, nei Saachen ausprobéieren an einfach eng gutt Zäit zesummen hunn.

Iwwert d’Joer bidde mir eng ganz Villfalt un Aktivitéiten un , vu sportleche Challenge an Ausflich bis hin zu Aktivitéiten an der Natur.An dobäi kucke mir och ëmmer, wat eis Jonker sech wënschen an op wat si Loscht hunn.

Awer net nëmmen am Jugendhaus ass eppes lass. Mir sinn och reegelméisseg bei lokalen Evenementer, Schoulfester, Sportsfester an anere Manifestatiounen dobäi.

Kommt einfach bei eis op de Stand, schwätzt mat eis a kuckt, wat d’Schëfflenger Jugendhaus alles ze bidden huet.

Mir freeën eis op dech.

SPROOCHEN ERLIEWEN BY SNJ

Sproochen op eng spilleresch Manéier nei entdecken. Dorëms geet et bei den Offere vun der Equipe “Sproochen erliewen” vum Service national de la jeunesse. Op eisem Stand kann s du däin eegene Pin mat Lëtzebuerger Frechheeten an Ausdréck kreéieren, däi Sproochwëssen an eisem Quiz op d’Prouf stellen, oder dech am Poetry Slam ausprobéieren.

Hei  fënns och all Informatiounen zu eise Projeten an Offeren: Vu Comics selwer kreéieren, bis zu enger kreativer Woch fir däin eegent Lidd ze schreiwen oder souguer ee Sproochenopenthalt am Ausland.

Komm bei eis laanscht, mir freeën eis op dech!

THE UNSTOPPABLE CREW

The Unstoppable Crew ass en Danzteam aus Lëtzebuerg, dat sech dofir asetzt, jiddwerengem d’Méiglechkeet ze ginn, ze danzen, sech kreativ auszedrécken an op der Bühn ze stoen – souwuel zu Lëtzebuerg wéi och international.

Op eisem Stand um On Stéitsch bidde mir eng Rei flott Aktivitéite fir Grouss a Kleng un. Nieft Danz-Workshope fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener, wäerte mir och e Mol- a Zeeche-Workshop mam Ironn Dog ubidden. Fir de perfekte Festival-Look suerge mir mat Face Painting a Braids.

Ausserdeem wäerte mir, wéi schonn d’lescht Joer, Banana Bread a Granola Bars verkafen. Déi gesammelt Sue fléissen an eis Rees op Paräis an Disneyland Paris, wou eis Dänzer:innen dëse November d’Éier hunn, als Deel vum Disney Performing Arts OnStage Programm opzetrieden.

No zwee Joer haarder Aarbecht, Engagement an Training wëlle mir eise Dänzer:innen dës Rees zu enger ganz spezieller Erfarung maachen an hinnen eppes Zeréckginn fir alles, wat si geleescht hunn.

Mir freeën eis ganz op den On Stéitsch an op e flotten Dag mat iech alleguer! 😊

YEP CREW

D‘YEP CREW ass en dynameschen an passionéierten Danzgrupp, deen virun engem Joer vum Bettebuerger Jugendhaus gegrënnt gouf an intensiv vun him ënnerstëtzt gëtt. Ënnert der kreativer Leedung vum Choreograf Adam BINOUA besteet de Kollektiv aus 9 héich motivéierten Dänzerinnen (Jugendlecher an Erwuessener). Zesummen deelen si hir Léift fir den Danz mat enger ustiechender Energie. De Grupp freet sech ëmmer iwwer nei Memberen ! D’Danzcoursen fannen all Samschdeg ab 13:30 Auer am Sportzenter zu Bettebuerg statt.

WORKSHOPS

COMMUNITY-WALL BY KOMMA (RADIO 100,7)

komma ass de Jugendprogramm vum radio 100,7 – eng “digital-first” Medien-Offer vu Jonke fir Jonker.
Fir Jonker tëscht 15 a 25 Joer ass komma e Raum, fir Contenu ze kreéieren, ze deelen an nei Saachen auszeprobéieren. Vun der éischter Iddi bis bei d’Produktioun stinn déi Jonk an hir Perspektiven am Mëttelpunkt a gestalten de Programm aktiv mat.
Als Deel vun den ëffentlech-rechtleche Medien zu Lëtzebuerg mécht komma jonk Stëmmen a Perspektiven siichtbar, stäerkt d’Mediekompetenz a schaaft Contenu, deen d’Realitéiten, d’Interessen an d’Erfarunge vu Jonke reflektéiert.
komma ass do, wou déi Jonk sinn: online, op Social Media an on demand. #notyourparentsmedia

GRAFFITI WORKSHOP BY KAMELLEBUTTEK

POETRY-SLAM WORKSHOP BY GEISSKAN KOLLETKTIV

Wëll s du Poetry Slam entdecken? Bass du interesséiert Texter ze schreiwen a se souguer virzeliesen? Bass du kreativ a hues Loscht dech fräi auszedrécken? Da komm bei de Stand vum Géisskan Kollektiv, zesumme mat der Equipe “Sproochen erliewen” vum SNJ, a probéier et aus! Ob s du nach ni geschriwwen hues oder schonns Texter hues, jiddereen:t ass wëllkomm.

SKATE WORKSHOP BY SPORT ERLIEWEN (SNJ)

“MoVe – Deng Vakanz, däi Sport! Ass eng Initiative vum SNJ déi Jonken d’Méiglechkeet gëtt wärend de Schoulvakanzen nei Sportaarten ze entdecken a Freed un der Beweegung ze hunn.

Internetsäit: https://move.snj.lu/

Instagram: move.snj.lu

Aner Editiounen